top of page

QUIZ-Owend

SOLD OUT

Den Handball Bieles organiséiert säin elo schonn traditionnelle Quiz-Owend. Dir wëllt Ärt Wëssen ënner Beweis stellen oder testen? Da maacht mat bei eisem Quizowend! Mat Froen aus allen Themeberäicher, vum Allgemengwëssen, iwwer spezifescht Wëssen zu Lëtzebuerg bis hin zu de neiste News! An dat bescht dobäi: fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt!

Allgemen Informatiounen:

  • Wéini? Samschdeg 5. November 2022

  • Auerzäit? 19:00 - 23:00; d'Diiren ginn um 18:30 op

  • Wou? Kulturschapp Ehlerange (15, rue Kulturschapp - Ehlerange)

  • Sprooch vun de Froen? Lëtzebuergesch

  • Iessen? Kniddelen (mat Rahm/Speck an/oder Kompott)

  • Wien däerf matmaachen? Jiddereen! Mannerjähreger brauchen allerdéngs eng Autorisation parentale oder mussen a Begleedung vun engem Erzéiungsberechtegten sinn

D'Equippen

  • Dir tried alleng oder an der Equipe un 

  • Maximal 6 Persoune pro Equipe (mat Kanner kann dës Zuel erhéigt ginn)

Präiss

  • Startgeld + Iessen: 20,00 €/Persoun

  • Bezuelen kennt dir am Virraus, iwwert Digicash oder Iwwerweisung

  • Mir akzeptéieren de ganzen Owend Borgeld, Digicash a Kaart

De Quiz ass ausverkaaf - Umeldunge sinn net méi méigelch
bottom of page